MUSELBIKES organiséiert den 26. November 2016 déi 8. Editioun vum “Mountainbike Tour op der Musel”.
Den Depart ass um 09h30 um Schweinsmoart (bei der Busgare) zou Gréiwemaacher.
D'Streck geet duerch eis schéin Wéngertsgéigend iwwer 53 km oder 42 km, ronderëm Gréiwemaacher.
Ewéi och schonn déi lescht Joeren hu mir wëlles déi 2 Strecken "Groupé & Guidé" ze fueren. Deen een Groupe fir déi méi ambitionéiert Fuerer an deen aneren fir déi méi
gemittlech Fuerer, sou dat eisen Mountainbike-Tour fir all Niveau gutt ze bewältegen ass. Fir déi Leit déi awer léiwer net mat sou engem Groupe ënnerwee sinn, hu mir d'Strecken komplett
ausgescheldert.
Bikewash an Duschen stinn och zu Verfügung.
Bikewash beim Pompjeesbau. Duschen am Centre Culturel. Ënnerwee ginn 3 Ravi‘en proposéiert, zwee méi klenger op der Streck an een méi groussen bei der Arrivée.
Classement Open :
1. 10 Joer Fitness Lounge -- 271 tours
2. Muselbikes 1 -- 270 tours
3. Barbaresch Mennien -- 263 tours
.
7. Muselbikes 2 -- 250 tours
Classement Dames:
1. Muselbikes Dames -- 229 tours
2. Just 4 Fun Girls -- 204 tours
3. The VW's Dammen -- 199 tours
Nous vous proposons une agréable balade gourmande accompagnée de guides qui vous feront découvrir en vélo la région est du Luxembourg avec la vallée de la Moselle et son arrière-pays.
Départ et Arrivée: Ehnen
Inscriptions:
Le virement du montant sur le compte bancaire BCEE LU31 0019 3955 6761 3000 avec la mention 'Vélo Gourmand - Groupe 1,2,3 ou 4' vaut comme inscription.
Pour plus d'informations, veuillez cliquer sur l'image.
23.07.2016 - Zäitfueren op der Musel
Épreuve contre-la-montre individuel sur un parcours plat de 10,4km
Départ: Remich
Arrivée: Ehnen
Inscriptions uniquement via
Pour plus d'informations, veuillez cliquer sur l'image.
Comme chaque année, nous avons proposé à nos membres un défi sur les routes d'une cyclo-sportive. Cette année nous avions choisi l’Étape du Tour qui s'est déroulée
le 10 juillet 2016 entre Mègeve et Morzine.
Classement Muselbikes (sur 11164 classés):
120. Sertic Franck 4:01:40
623. Schroeder Jerry 4:24:46
652. Weiss Charles 4:25:45
783. Prado Sergio 4:29:52
910. Hervy Sacha 4:33:14
1021. Schmit Laurent 4:35:52
1590. Kirsch Michel 4:47:50
1610. Hervy Steve 4:48:15
1690. Girst Marcel 4:49:38
2006. Juncker Frank 4:56:00
2620. Prado Fabricio 5:07:43
2948. Oms Robert 5:13:54
3290. Kauffmann Daniel 5:19:23
4050. Mandé Tom 5:31:40
8420. Theisen Fred 6:51:52
8526. Hilat Abes 6:54:59
9563. Schumacher Henri 7:24:58
Résultats Muselbikes - Contre-la-Montre :
Catégorie Elite sans contrat :
2. Tim Diederich
11. Michel Kirsch
Catégorie Masters :
4. Sergio Prado
Résultats Muselbikes - Course en ligne :
Catégorie Elites sans contrat :
4. Tim Diederich
Cédric Godart DNF
Emmanuel Da Silva DNF
Catégorie Masters :
3. Sergio Prado
Nous avons le plaisir de vous inviter à notre assemblée générale annuelle qui se tiendra
le 29 avril 2016 à 19h00
Stade "op Flohr" - Buvette
rue du Stade
L-6725 Grevenmacher
Am Kader vum Télévie organiséieren d’Muselbikes zesummen mam Muselfit vun Wormer een Spinningmarathon iwer 5 Stonnen den 23. Abrëll 2016 am Centre Sportif vum Maacher Lycée.
Den Integralen Erléiss gët un den Télévie gespend.
Start ass um 12h00 an Schluss ass um 17h00. Et stin 21 Velo’en zur Verfügung dei fir all Stonn können eenzel besaat gin.
Den Praïss fir eng Stonn ass 20.-EUR. Een Velo fir dei 5 Stonnen ze réservéieren kascht 90.-EUR
Mir bieden Iech är Umelldung per E-Mail ze schécken un folgend Adresse:
Muselbikes123@gmail.com
Mentioun: Numm, Virnumm an wei eng
Auerzait den Velo ze réserveieren ass.
D’Umelldung ass dann reicht defintiv wann d’Iwerweisung op eisen Kont agaangen ass:
LU19 0019 3755 4501 6000 – Muselbikes Asbl
Fir weider Informatiounen kënnt dir den Fabrice Prado ennert der
Nr. 661 72 05 09 erréechen.
Muselbikes waren och des Joër op Mallorca fir d'Stroossesaison 2016 an de beschten Konditioun virzebereeden.
Fotoen sin online.
Nach der 2. Auflage des Muselbikes Spinning Marathon, die am 27. Februar 2016 in Wormeldange stattfand, hat
MUSELBIKES einen Scheck von 1.000 Euros für das Projekt “Akatsi” im Ghana überreicht.
Die Vorstandsmitglieder bedankten sich in diesem Zusammenhang unter anderem bei allen Teilnehmern und Freiwilligen. Im Namen der Stiftung bedankte sich Marc Haentges bei
allen Anwesenden.
Fotos:
Den Muselfit organiseiert zesummen mat den Muselbikes sein 2. Indoorcycling Marathon zu Wormeldange.
Des Joer gëlt et 6 Stonnen an d'Pedalen ze drecken an dommader Spenden sammelen fir den 'Projet Akatsi au Ghana ' an deems een en Velo fir 15€ pro Stonn reserveiert oder een kompletten Velo fir
dei 6 Stonnen fir 70€.
Reservatiounen gin um Tel: 26 74 70 55 entgeint geholl an d'Iwerweisungen gin op den LU51 0019 4255 6465 7000 bei der BCEE an gëllen als Confirmatioun.
Kommt bis laanscht Sport machen bei gudder Musik an Ambiance. Fir Gedrénks an Iessen ass natirlech och béschtens gesuergt.
De Comité well allen Cyclisten MERCI soen dass se den Wee op G'Maacher fonnt hun an awer och un all eis Volontaires an Guiden een RIESEN MERCI fir är Hëllef, wéll ouni Ierch geifen mer dat net hinkreien.
Fotoen vum MTB Tour - Sacha Hervy
Fotoen vum MTB Tour - Jeff Gloden
MUSELBIKES organiséiert den 28. November 2015 déi 7. Editioun vum “Mountainbike Tour op der Musel”.
Den Depart ass um 09h30 um Schweinsmoart (bei der Busgare) zou Gréiwemaacher.
D'Streck geet duerch eis schéin Wéngertsgéigend iwwer +\-50 km oder +\-35 km, ronderëm Gréiwemaacher.
Ewéi och schonn déi lescht Joeren hu mir wëlles déi 2 Strecken "Groupé & Guidé" ze fueren. Deen een Groupe fir déi méi ambitionéiert Fuerer an deen aneren fir déi méi gemittlech Fuerer, sou dat eisen Mountainbike-Tour fir all Niveau gutt ze bewältegen ass. Fir déi Leit déi awer léiwer net mat sou engem Groupe ënnerwee sinn, hu mir d'Strecken komplett ausgescheldert sou dat sech keen verléieren kann.
Données GPS:
Bikewash an Duschen stinn och zu Verfügung.
Ënnerwee ginn 3 Ravi‘en proposéiert, zwee méi klenger op der Streck an een méi groussen bei der Arrivée.
Participatioun ass des Joer minimum 10,00 €, en Deel dovunner get des Kéier un d'Fondatioun IMBASA gestëft.
Fir déi Leit déi interesséiert sinn, géif eis Sortie dann wei ëmmer mat engem gemittlechen Owendiessen ofgeschloss ginn.
Dëst Joer am Pâtisserie-Restaurant Schumacher um Wormer Berreg.
Programm :
18h00
19h00
Fir d'Owendiessen sou gutt ewéi Méiglech plangen ze kënnen, géife mir Iech bieden sech bis spéitstens den 23. November 2015 iwwer eis Email Adress muselbikes123@gmail.com unzemellen.
Prais:
40,00 € pro Persoun
Aperitif, Entrée, Buffet, Dessert, Café & Waasser
(ausser Softdrinks / alkoholesch Gedrénks)
15,00 € Kannermenu (Spaghetti)
D’Iwwerweisung fir d‘Owendiessen op den Kont
BCEE LU31 0019 3955 6761 3000 - Muselbikes sàrl zielt als Umeldung.
Muselbikes beim CLM vum RSC Wincheringen op der Musel am Asatz :
13. Manuel Fernandez 13:45
16. Fabrice Prado 13:53 --> 2. Masters 2
30. Sacha Hervy 14:53
36. Fred Theisen 15:13
41. Greggy Weber 15:23
52. Jill Sterba 16:47 --> 2. Masters 1 Dames
Top Leeschtung vun eisen 3 Equippen bei den 24 Stonnen Vëlo Wëntger !
Klassement Mixte :
1. Fitness-lounge.lu
2. MUSELBIKES 1
3. Lampertz-Stonedesigner
.
9. MUSELBIKES 2
Klassement Dames :
1. MUSELBIKES Dames
2. SPEEDGIRLSRSVST.VITH
3. Just 4 FunGirls
Méi Info ennert:
Fotoen ennert:
Top Leeschtung vum Tim Diederich gëschter bei de Meeschterschaften am Cyclissem zu Wolz.
Hien ass 7en an senger Kategorie 'Elite sans contrat' gin.
Fir eng éischt Participatioun kann hien richteg stolz sinn op sengem Resultat; am Contre la Montre (3. Plaaz) an bei der Course en ligne (7. Plaaz).
Fir eise Club war et och eng éischt Erfahrung fir kenne mam Auto hannert der Course ze fueren & séin Coureur kenne ze betreien.
Merci un de Muselbiker déi bis op Wolz erop komm sinn fir den Tim an déi aner Coureur unzefeieren.
Mir freeën eis schonn op déi nächst Meeschterschaften !
Mei Info op
Mir haten des Joer erëm eng Top Equipe mat enger mega Ambiance.
Et war eis bewosst dat et giffe 4 intensiv Deeg mat engem gutt gefëllte Programm ginn dee mir awer all zesumme ganz gutt gemeeschtert hunn.
Mir sinn houfreg op jidderengem seng perséinlech Leeschtung.
Hei sinn d'Resultater vun der Ardéchoise :
Parcours Ardéchoise 220km / 4270hm (735 classés) :
19. Charles Weiss 7:38:46 (cat 12.)
81. Sergio Prado 8:19:58 (cat 26.)
128. Christophe Weis 8:46:33 (cat 6.)
380. Claude Wagner 10:04:45 (cat 51.)
413. Fred Theisen 10:14:09 (cat 137.)
Parcours Volcanique 176km / 3210hm (2019 classés):
135. Sacha Hervy 6:35:16 (cat 33.)
526. Roland Peters 7:30:59 (cat 144.)
Parcours Boutières 125km / 2400hm (3235 classés):
56. Fabricio Prado 4:14:47 (cat 18.)
101. Manuel Fernandez 4:28.40 (cat 35.)
278. Frank Juncker 4:57:16 (cat 25.)
1284. Toni Lopes 6:21:51 (cat 417.)
1293. Abes Hilat 6:22:44 (cat 421.)
1688. Patrick Hervy 6:51:09 (cat 684.)
1698. Joao Casa Branca 6:52:14 (cat 689.)
2152. Serge Wagner 7:22:00 (cat 1020.)
Jidderen hat wierklech haart awer och ganz emotional Momenter op daat an der Ardéche oder am Vaucluse beim erausfuederen vum Mont Ventoux war.
Gemeinsam eng Gorge de la Nesque erop oder erof ze fueren ass ëmmer rem en flotten an onvergiesslechen Moment. Och de Ventoux erauszefuederen & kennen anerer dozou motivéieren iwwert hier Grenzen ze goe fir hiren Ziel ze erfëllen ass Eemoleg.
Mir hate wierklech méi ewéi Chance mam Wieder & konnten all Minutt dovunner profitéieren.
Programm Ardéchoise / Mont Ventoux
Fotoen op Facebook
Och des Joer ënnerstëtzen mir
d'Manifestatioun 'Nuit du Sport' déi den 16.05.2015 stattfënnt.
Mir organiséieren zou Maacher eng flott Randonnée fir grouss & kleng.
Dir sidd all wëllkomm !
http://www.nuitdusport.lu/
Nous souhaitons remercier toutes les participants et les bénévoles.
Den 07 Februar 2015 organiséiert de Muselfit Spinning & Fitness Center mat der Ënnerstëtzung vun Muselbikes en 5 Stonnen Spinning Marathon.
Umellen kann een sech vun Méindes bis Freides direkt am Muselfit vun 13h00 bis 18h00 oder iwwer Telefon 26747055 fir 15€ pro Stonn.
Bezuelt gett bei der Umeldung am Muselfit oder iwwer Iwwerweisung.
An engem agreabelen Kader mat ofwiesselnd Musik empfänken Iech eis 5 Coachen.
Fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt. (Ravitaillement, Spaghetti, Schnittecher, Glühwäin, asw.)
D'Umeldungsgebühren ginn integral un de Jongen vum Luxembourg Handbike Team déi sech fir déi nächst paralympesch Spiller 2016 zou Brasilien virbereeden.
Adress:
Musel Fit
113A, rue Principale
L-5480 Wormeldange (Wormer)
www.muselfit.lu
Bankdaten:
Musel Fit
BIC BCEELULL
IBAN LU51 0019 4255 6465 7000
Stichwort : Spinning Marathon + Name
Nach der 6. Auflage der Mountainbike Tour op der Musel, die am 06. Dezember 2014 in Grevenmacher stattfand, hat MUSELBIKES einen Scheck von 1.000 Euros an die „Fondation
Kim Kirchen“ überreicht.
Die Vorstandsmitglieder bedankten sich in diesem Zusammenhang unter anderem bei den 200 Teilnehmern der Rundfahrt sowie den vielen Sponsoren. Im Namen der Stiftung bedankte sich Kim Kirchen bei
allen Anwesenden.
De Comité well allen Cyclisten MERCI soen dass se den Wee op G'Maacher fonnt hun an awer och un all eis volontaires an Guiden een RIESEN MERCI fir är Hëllef, wéll ouni Ierch geifen mer dat net hinkreien
MUSELBIKES organiséiert den 06. Dezember déi 6. Editioun vum “Mountainbike Tour op der Musel”.
Den Depart ass um 10h30 um Schweinsmoart zou Gréiwemaacher. D'Streck geet duerch eis schéin Wéngertsgéigend iwwer +\-50 km oder +\-35 km, ronderëm Gréiwemaacher.
Ewéi och schonn déi lescht Joeren hu mir wëlles déi 2 Strecken "Groupé & Guidé" ze fueren. Deen een Groupe fir déi méi ambitionéiert Fuerer an deen aneren fir déi méi gemittlech Fuerer, sou dat eisen Mountainbike-Tour fir all Niveau gutt ze bewältegen ass. Fir déi Leit déi awer léiwer net mat sou engem Groupe ënnerwee sinn, hu mir d'Strecken komplett ausgescheldert sou dat sech keen verléieren kann. Ausserdeem ginn um Muselbikes Facebook d'Strecken am Virfeld publizéiert sou dat sech jiddereen déi 2 Parcoursen am viraus ukucke kann.
Bikewash an Duschen stinn nom Tour och direkt zu Verfügung.
Ënnerwee ginn 3 Ravi‘en proposéiert, zwee méi klenger op der Streck an een méi groussen bei der Arrivée.
Participatioun ass des Joer minimum 10,00 €, en Deel dovunner get des Kéier un d'Fondatioun Kim Kirchen gestëft.
Fir déi Leit déi interesséiert sinn, géif eis Sortie dann wei ëmmer mat engem gemittlechen Owendiessen ofgeschloss ginn.
Dëst Joer am Hôtel Simon‘s Plaza um Potaaschbierg:
Programm
Um 18h00 den Aperitif (eng Coupe Schampes mat e puer klengen Häppercher)
Anschliessend um 19h00 en flotten Buffet deen ewéi folgt zesummen gesat ass :
Entrée:
Geräucherter Lachs an Honig-Dill-Senf-Soße
Luxemburger Nationalschinken (roh und gekocht) an saftiger Honigmelone
Feierstengszalot „Simon's Plaza“
Buntes Salatbuffet
Suppe:
Rinderkraftbrühe mit Eiflocken und Gemüsewürfel
Hauptgänge:
„Prince Orloff“ vom Schweinerücken mit Butterkartoffeln
Zarte Streifen vom Rind im Waldpilz-Lauch-Soße,
Gemüse und frischen Kräutenudeln
Sanft gedünstete Lachstranche in Curry-Kokos-Soße, Gemüse und Basmatireis
Desserts:
Crème Brûlée im Glas
Hausgemachter Schokoladenpudding mit Sahnehaube
Obstsalat
Kaffee
Ausserdeem get an dësem Buffet iwwert de ganzen Owend platt a Spruddelwaasser offréiert.
Fir d'Owendiessen sou gutt ewéi Méiglech plangen ze kënnen, géife mir Iech bieden sech bis spéitstens den 26. November 2014 iwwer eis Email Adress muselbikes123@gmail.com unzemellen.
D’Iwwerweisung fir d‘Owendiessen vun 39,00 € (ewéi beschriwwen ausser de Wäin beim Buffet) pro Persoun op den Kont BCEE LU31 0019 3955 6761 3000 - Muselbikes sàrl zielt als Umeldung.
Klassement Muselbikes :
- MUSELBIKES 1 Gesamt 3 Platz Kat.Open 1 Platz
- MUSELFIT Gesamt 17 Platz Kat.Entreprise 10 Platz
- MUSELBIKES 2 Gesamt 30 Platz Kat.Open 14 Platz
- MUSELBIKE LADIES Gesamt 61 Platz Kat Damen 4 Platz
De Grand Prix MUSELBIKES ass eng Stroossecourse fir Net-lizenséiert déi am Kader vun der Bäcker Vëlo Weltmeeschterschaft 2014 zou Wormeldange/Dreiborn organiséiert get.
Course ass op fir all Net-lizenséiert ab 16 Joer.
Et get e Podium fir déi 3 éischt Fraen & 3 éischt Männer gemaach.
All d'Informatiounen iwwert de Programm, Reglement, Parcours & Umeldung fennst de ënnert GP Muselbikes
Bilan 24 Stonnen Vëlo Wëntger :
2008 3. Plaaz
2009 DNS
2010 3. Plaaz
2011 6. Plaaz
2012 2. Plaaz - 23. Plaaz
2013 8. Plaaz
2014 3. Plaaz - 27. Plaaz
Info ënner: http://www.24hwentger.lu/
Muselbikes waren gemeinsam mam VC Schuttrange op Mallorca fir d'Stroossesaison 2014 an de beschten Konditioun virzebereeden.
Brochure vun der Saison 2012 & 2013 ass online.
Mir profitéieren och vun der Geleeënheet fir Iech nach eng Keier Merci ze soen fir är Ënnerstëtzung.
FOTOEN vun der 5. Mountainbike Tour op der Musel sinn online
MUSELBIKES organiséiert den 30.November déi 5. Editioun vum Mountainbike Tour op der Musel.
Den Depart ass um 11h30 um Schweinsmoart (beim Centre Culturel) zou Gréiwemaacher. D'Streck geet duerch eis schéin Wéngertsgéigend iwwer +\-48 km oder +\-35km, ronderëm Gréiwemaacher.
Mir hu wëlles dei 2 Strecken "Groupé & Guidé" ze fueren. Deen een Groupe fir déi méi ambitionéiert Fuerer an deen anerer fir déi méi gemittlech Fuerer sou dat eisen Mountainbike-Tour fir all
Niveau gutt ze bewältegen ass. Fir déi Leit déi awer net mat sou engem Groupe ënnerwee sinn,hu mir d'Strecken des Kéier komplett ausgescheldert sou dat sech keen verléieren kann. Ausserdeem ginn
um Muselbikes Facebook d'Strecken am Virfeld publizéiert sou dat sech jiddereen déi 2 Parcoursen am viraus ukucke kann.
Bikewash an Duschen stinn nom Tour och direkt beim Schweinsmoart zu Verfügung. Ënnerwee ginn 2 Ravi proposéiert, een méi klengen um Fouss vum Widdebierg an een méi groussen a ganz flotten bei der
Arrivée.
Participatioun ass des Joer minimum 5 €, déi duerno genau wei dat läscht Joer integral un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner gestëft get.
Eis Sortie géif dann wei all Joer mat engem gemittlechen Owendiessen an der Maximus Lounge ( nieft dem Café Rive Gauche), mat deem beschten hausgemaachte Fierkel, Poulet um Spiiss, engem Pätschen
Wäin & e Stéck Kuch ofgeschloss ginn.
Fir d'Owendiessen sou gutt ewéi Méiglech plangen ze kënnen an Plaatzen limiteiert sin, géife mir Iech bieden sech bis spéitstens den 25. November 2013 beim Fabrice Prado unzemellen GSM:
661720509, email: prado_fabricio@hotmail.com oder Sacha Hervy GSM: 691535319 (no 18h00), email: sachahervy@gmail.com
Iwwerweisung vun 30.-€ (Glas Wäin/Entrée/Haaptplat/Dessert) pro Persoun op den Kont BCEE LU31 0019 3955 6761 3000 - Muselbikes sàrl
Och des Joer ware mir mat enger Equipe zou Wentger am Asaz.
Merci un all eis Memberen déi matgefuer & matgehollef hunn.
Hei sinn d'Resultater:
Fotoen fannt dir op eiser Facebook Säit
Des Joer kann déi 4. Editioun 'Vëlofueren am Miselerland' zou Ehnen net stattfannen.
Dofir hu mir decidéiert, mat der Ennerstetzung vun der ENTENTE TOURISTIQUE DE LA MOSELLE LUXEMBOURGEOISE a.s.b.l. & dem Miselerland-ORT Région Moselle, den 26.05.2013 eis Trainingstour zou Gréiwemaacher ze starten.
Depart groupé ass um 9h00 um 'Schweinsmoart' zou Maacher.
Depart individuell zwëschen 8h00 an 10h00.
5,00 € Startgeld, mat Ravitaillement
Umeldung sur place
Duschméiglechkeeten am Centre Sportif & Culturel
Méi Info zur der Streck ënnert www.gpsies.com
Duerno ass fir Iessen a Gedrénks beschtens gesuergt.
.
De Veräin & seng Memberen hun haaptsächlech d'Ziel hier Passioun mat aneren Begeeschterten ze deelen, de Vëlosport ob der Musel ze promovéieren, a fir bei de Randonnéen an bei de gemeinsamen Trainingssortien kennen ënnert de selwechten Faarwen ze fueren.
Geschützt vun der Loft, mat engem agreablen Klima, ass d'Museldall eng ideal Géigend fir mat sengem Zweerad ze pedaléieren. Esoubal déi éischt Sonnestrahlen erauskommen, kann een eng Mass vu passionéierten Vëlosfuerer begéinen, déi d´Route du Vin erof an erop flitzen. Fir déi méi ambitionéiert, déi ë puer Héichtemeter wëllen zesummekréien, bidd d´Muselgéigend och ë komplette Reseau vu Stroossen & Sentieren laanscht an duerch d´Wéngerten, riwwer an d´Nopeschdierfer un.
De ganze Comité wënscht Iech vill Spaass & vill Kilometeren !